Wien ass Spëtzereider ënnert den Appen, déi am heefegsten erofgelueden a benotzt goufen: Tinder, Whatsapp, Facebook oder vläicht Netflix?

An enger Etüd vun App Annie gouf ënnersicht, op wéi engen 10 Appen d'Notzer tëscht 2010 an 2019 am meeschten Zäit verbruecht hunn a wéi eng am heefegste bannent de leschten 9 Joer erofgeluede goufen.

D'Top 10 vun den Downloads Charts gëtt ganz kloer vun der Spart Kommunikatioun dominéiert. Op de Podiumsplaze vertruede si Facebook, Facebook Messenger a WhatsApp Messenger. Op der 4. Positioun klasséiert sech Instragram. Déi 4 Appen, déi weltwäit zanter 2010 am meeschten um Smartphone installéiert goufen, gehéieren zum Grupp vum Mark Zuckerberg. Beléift bei den Notzer sinn awer och Snapchat a Skype, fir mateneen ze kommunizéieren.

E grousse Succès huet TikTok erlieft, déi virun allem bei der jonker Generatioun gutt ukënnt.

© app annie

Vill Zäit fir Entertainment an Dating 

Nieft der Fro, wéi eng 10 Déngschter am heefegsten erofgeluede goufen, huet Annie App och ënnersicht, wéi vill Zäit d'User op de jeeweilegen Appe verbréngen. Net ganz iwwerraschend ass de Gewënner Netflix an dëser Kategorie. Opfälleg ass bei dësem Klassement, dass d'Mënschen am meeschten Zäit op Streaming-Déngschter verbréngen, ob Filmer oder Musek. Beléift sinn och d'Streaming-Zerwisser Pandora Music op Plaz 3 an Tencent Video op Plaz 4.

Ma d'Leit wëllen net nëmme musikalesch oder filmesch ënnerhale ginn, mä och déi grouss Léift online fannen. Dowéinst verbrénge Millioune vu Mënschen eng Abberzuel Stonnen op dëser App, déi sech déi 2. Positioun am Ranking séchert.

© app annie