Aus enger neier Etüd geet ervir, dass ëmmer méi Leit sech duerch d'Benotze vum Smartphone blesséieren. Eng Zuel, déi all Joers klëmmt.

D'Notze vun intelligenten Apparater huet eng däitlech Augmentatioun vun esou Blessuren provozéiert.

An den USA si 76.000 Persounen tëscht Januar 1998 an Dezember 2017 an d'Urgence komm wéinst Kapp- oder Halsblessuren, déi duerch Smartphonë verursaacht goufen. Dat kann een an enger Etüd vun der medezinescher Revue JAMA Otolaryngology–Head & Neck Surgery noliesen.

D'Etüd schätzt, dass ronn 96% vun den Amerikanerinnen an Amerikaner een intelligenten Telefon hunn a stellt esou eng kloer Basis fir d'Analys duer.

Bis 2007 waren et manner wéi 2.000 Persounen, déi sech op dës Manéier blesséiert haten, dat ass dat Joer wou den éischten iPhone op de Maart komm ass. Eng Zuel, déi duerno bis 2017 bis op 6.000 Blesséierte pro Joer geklommen ass.
Mobil Telefone waren deemools relativ populär, allerdéngs konnte se duerch limitéierte Funktioune bei wäitem net esouvill, wéi ee moderne Smartphone, an hunn eng méi niddreg Gefor fir de Mënsch duergestallt.

Méi wéi d'Hallschent vun de Blessuren, déi duerch eng Oflenkung geschitt waren, sinn op d'Benotze vum Smartphone hannert dem Steier zréckzeféieren. D'Majoritéit vun de Blessuren duerch Distraktioun, ëm déi 60%, geschéien allerdéngs bei den 13-29 Joer alen Leit.

47% vun de Blessure sinn duerch de Smartphone selwer geschitt, zum Beispill wéi d'Batterie explodéiert ass. Eng Honnert Blessure si beim mobille Spill Pokemon Go passéiert, 2016 eng weltwäit Sensatioun. Hei sinn e puer Leit vun Autoen ugestouss ginn oder a Beem oder Mauere gerannt.