Finnland huet wëlles, een eegenen Online-Cours an all europäesch Sprooch ze iwwersetzen, fir dass all EU-Bierger sech forméiere kann.

Mat dëser Aktioun wëll d'Land beweisen, dass déi kënschtlech Intelligenz fir all Mënsch accessibel ass an net nëmme fir verschidde Leit, déi d'Codéiere geléiert hunn. AI (artifical intelligence) soll net just fir d'Elite gutt sinn, mä soll fir de breede Public verständlech sinn.

Ee Cours an deem Beräich gouf zejoert lancéiert an huet e grousse Succès gehat mat méi wéi 200.000 Participanten. Méi wéi 250 Entreprisen hunn duerch dëse Projet nei Salariéeën agestallt, déi d'Formatioun suivéiert haten.

Bis 2021 sollen alleguer d'Versioune fäerdeg sinn. D'Ambitioune si kloer an déi finnesch Regierung wëll op d'mannst 1% vun den EU-Bierger domadder sensibiliséieren. 
De ganz komplette Cours "Elements of AI" gëtt et bis elo nëmmen op Englesch, Schwedesch, Finnesch an op Däitsch. Hei gëtt zum Beispill eng Presentatioun vun der Wichtegkeet vun der AI proposéiert souwéi och e puer technesch Elementer an och philosophesch a politesch Implicatioune vun esou enger Technologie uechter d'Welt.

Dëse sougenannten "Massive open online course" (Mooc) besteet aus 6 Kapitelen, déi a ronn 30 Stonnen alleguer duerch sinn. Tester ginn och no all Sujet gemaach; fir sech ze vergewësseren, dass de Student alles verstanen huet.

Zum Schluss, wann d'Tester alleguer gepackt sinn, kritt een esouguer een Zertifikat vun der Helsinki Universitéit geschéckt.

De Cours fënnt een elo scho gratis online, allerdéngs nëmmen an deene Sproochen, déi schonn iwwersat goufen.

Verschidden Deeler iwwer Machine Learning oder d'Benotze vun der kënschtlecher Intelligenz op der Aarbecht fënnt een och um offizielle Site vum Projet.