Och wann d'Technologie ëmmer méi present an eisem Liewen ass, soll ee virsiichteg beim permanente Benotze vum Smartphone sinn.

An enger Etüd vun der Versécherung AXA Prévention geet ervir, dass 50% vun de Fransousen hire Smartphone all 10 Minutte benotzen an deen esouguer mat bis op d'Toilette huelen. Bei de Jugendleche klëmmt dës Zuel esouguer bis op 85%. Erschreckend, wann ee bedenkt, dass 80% vun den Infektiounen iwwert d'Hänn iwwerdroe ginn. Dem Roude Kräiz no wäsche ronn 38% vun der Bevëlkerung hir Hänn mol net eng Kéier den Dag.

Ouni dass een et mierkt, gëtt den Handy kontaminéiert. E Smartphone kéint also ronn 7 Mol méi knaschteg si wéi de Sëtz vun der Toilette selwer. Et ass u sech egal, wéi a wou de Smartphone ugepaakt gëtt, all d'Bakterie ginn absorbéiert a breede sech esou um Apparat aus. Aner Objete wéi d'Toilettëbiischt, de Support vum Toilettëpabeier oder d'Klensch vun der Dier si Plazen, op deene lauter Keimer nëmmen drop waarden, op den Handy eriwwer ze sprangen.

Nieft de Bakterien a Keimer kënnen och Hemorroiden eng Konsequenz vum Smartphone-Gebrauch op der Toilette sinn. Dës ginn doduerch verursaacht, well een ze laang an enger net optimaler Positioun do sëtzt.

Wann een trotz den opgezielte Geforen net op den Apparat verzichte wëll, soll een, wa méiglech, den Handy just an eng Hand huelen, an déi aner benotzen, fir sech propper ze maachen, fir de Kontakt mat Keimer a Bakterien ze vermeiden. An deem Kontext ass et och gutt ze wëssen, dass sech op enger Housse aus Plastik 17 Mol manner Bakterien ausbreede wéi op enger aus Holz oder Lieder a Mikroben däitlech manner unzitt.

Et wier kee schlechte Virsaz, dës Gewunnecht 2020 sinn ze loossen.