Mat wéi enge Fluchgesellschaften ass et sech dëst Joer am beschte geflunn a wéi eng hu schlecht ofgeschnidden?

Dëst beäntwert de Ranking vun AirHelp, déi d'Betreiung vun de Passagéier, den Zerwiss an d'Pénktlechkeet vun den Airlines genau ënnert d'Lupp geholl hunn. Am meeschten iwwerzeegt hu Qatar Airways mat engem Schnëtt vun 8,23/10.

Och op de Podiumsplaze vertruede sinn American Airlines an Aeromexico. Eng Moyenne vun 8,07/10 hu sech d'Scandinavian Airlines geséchert. Keng aner Fluchgesellschaft huet esou vill Punkten am Beräich Client-Betreiung gesammelt. Qantas ass op der Plaz 5, LATAM Airlines op der 6. Plaz a WestJet huet mat der 7. Plaz och gutt am Global Airline Ranking ofgeschnidden.

Aus Lëtzebuerger Siicht ass et interessant ze gesinn, dass och Luxair mat hirer 8. Plaz vir mat dobäi ass mat engem Schnëtt vu 7,90/10.

Net zefriddestellend waren Thomas Cook Airlines an easyJet, déi sech déi lescht 2 Plazen deelen.