Et ass net déi éischte Kéier, dass de Stëmm-Assistent, deen um iPhone installéiert ass, engem d'Liewe gerett huet.

Virun zwee Joer hat d'Siri schonn dem Andrew Cho d'Liewe gerett, andeems d'Software den 911 (Noutruffnummer an den USA) mat Zäiten ugeruff hat. De jonke Mann war gefall a konnt sech net méi beweegen, zum Gléck konnt hien nach de Sprooch-Assistent vu sengem Smartphone aktivéieren.

Ee weidert Liewe konnt op eng änlech Manéier gerett ginn, wéi een dat am Reportage vum 10. Dezember vu KIMT3 gesi kann. De Gael Salcedo, een 18 Joer ale Student vu Mason City, wier bal an engem Accident mat sengem SUV gestuerwen.

Ënnerwee an d'Schoul ass de jonke Mann mat sengem Gefier op Glatäis geroden an an de Winnebago Floss gerutscht. Duerch déi staark Stréimung konnt hien d'Diere vum Auto net opmaachen an äiskaalt Waasser ass an d'Gefier erakomm. Eng Situatioun, déi fir de jonke Student ëmmer méi geféierlech gouf, wann ee bedenkt, dass hie säin Handy net konnt fannen.

Dee Moment hat de jonke Mann d'Iddi, d'Siri ze ruffen: "Hey Siri, ruff 911 un!", ass wuel dee Saz, deen hien ni vergiesse wäert. Säin iPhone huet reagéiert an d'Rettungsdéngschter alarméiert. E puer Minutte méi spéit waren d'Pompjeeën op der Plaz, fir de Gael Salcedo aus dem Floss ze zéien.

De Jonken ass vun de Rettungsdéngschter aus sengem Auto erausgeholl ginn, hie konnt seng Been an Hänn net méi beweegen. Hien ass direkt an d'Spidol ageliwwert ginn an huet iwwerlieft.