Ëmmer méi Länner verbidden Déieren als Deel vun engem Spektakel ze benotzen, dës nei Iddi kéint d'Zukunft vum Zirkus sinn.

Musek a Luuchte gehéieren nach ëmmer zu engem gudden Zirkus, fir grouss a kleng mat Magie, Spannung, Witz a Bewonnerung z'animéieren. Dobäi vergësst een awer dacks, dass Déiere benotzt ginn, déi net onbedéngt gutt versuergt ginn a kee schéint Liewen hunn.

Beim Roncalli-Zirkus gëtt dofir d'Technologie vum Hologramm benotzt, fir ze evitéieren, dass Déiere mussen agesat, oder schlëmmer, schlecht behandelt ginn.

Een Elefant daucht an der Mëtt vun der Pist op a steet op eemol op sengen hënneschte Patten, fir de Public ze begréissen. E puer Minutten drop lafe 4 dekoréiert Päerd, mat hirem blénkege Kamp ronderëm.

D'Proprietäre vum Zirkus hu scho laang virun deenen aneren ugefaangen, Déieren aus hirem Programm ze huelen. An den 90er Jore ware se bal déi Eenzeg, déi nëmmen domestikéiert Päerd agesat hunn. Viru Kuerzem koum dunn d'Entscheedung, iwwerhaapt keng Déiere méi an hirer Show anzesetzen. D'Resultat ass iergendwéi nach méi magesch.

"Déi meescht Nummere géifen hautdesdaags souwisou vu Kënschtler oder Clownen iwwerholl ginn", esou den Direkter an engem Interview mat enger däitscher Zeitung. Den Zirkus géif sech elo éischter op Poesie an Akrobatik konzentréieren.

Esou kënnen elo seriö Trapezer a flappseg Clowne mat Déieren aus der ganzer Welt spillen. Sief et um Buedem mat Zebraen, an der Loft mat engem Adler oder am Waasser mat engem Fësch, alles ass elo am Zelt vum Zirkus Roncalli méiglech. An dat ouni Déierequälerei, wat de Public, jonk an al, nach méi frou sollt maachen.

Ee Grond méi also fir Zirkus-Direkteren d'Déieren aus hirem Zelt ze loossen, mat Hëllef vun der Technologie.