Amazon huet viru kuerzem ee Brevet deponéiert, fir Leit no hiren Oderen op der Hand identifizéieren ze kënnen.

D'Zeitung USA Today huet dat an engem Artikel annoncéiert. D'Technologie géif eng gewësse "Luucht" benotzen, fir d'Odere vun der Hand ze fannen an ze scannen. Déi Biller, déi esou entstinn, kéinte benotzt ginn, fir d'Clienten ze identifizéieren, wéi dat scho beim A de Fall ass.

Am Ufank géif dës Technologie nëmmen an den Amazon Go Butteker agesat ginn. Dës Plaze ginn nämlech dacks benotzt, fir nei Systemer am Beräich vum Shopping z'entwéckelen. Den Online-Shopping-Ris wier och am Gaangen, een änlecht Konzept virzebereede, fir d'Epicerië Whole Foods z'equipéieren. Allerdéngs wier de Brevet nëmme fir déi eege Butteker vun der Grupp virgesinn, esou den amerikanesche Büro vun de Breveten.

De grousse Virdeel vun dëse Scannere wier, wéi bei eisen aktuelle Kaarten, eng Identifikatioun ouni Kontakt ze erméiglechen. Et misst ee just seng Hand virum Scanner halen, deen duerch Infrarout-Stralen a Fotoen eng Authentifikatioun géif bestätegen.

Der amerikanescher Zeitung no wier de Scan vun der Hand méi sécher wéi dee vun der Kreditkaart. Amazon erkläert, dass dës Prozedur méi zouverlässeg wier, wann ee bedenkt, dass Kaarte kënne ganz séier kopéiert oder geklaut ginn. Hei géif et eng präzis a sécher Léisung ginn, esou nach de Konzern.

Déi Responsabel bleiwen awer am Moment nach diskret iwwer een eventuellen Datum fir den Ufank vum Projet. Wann et ëm biometreschen Donnéeë vum Mënsch geet, stellt sech ëmmer d'Fro vun der Privatsphär a vum Schutz vun dësen Informatiounen, déi da vun enger privater Firma gesammelt ginn.