De japanesche Leader am E-Commerce huet ugekënnegt, senge Clienten d'Méiglechkeet ze ginn, hir Fidelitéits-Punkte géint virtuell Wärungen ze tauschen.

An enger offizieller Annonce um japanesche Site Crypto Watch huet d'Grupp matgedeelt, dass d'Clienten zanter dem 24. Dezember hir "Rakuten Super Points" géint Bitcoin, Ethereum oder Bitcoin Cash ëmtausche kënnen. Dofir mussen allerdéngs d'Clienten am Besëtz vun engem Rakuten-Portmonni sinn, fir vun dëser Offer profitéieren ze kënnen.

All Client brauch op d'mannst 100 Punkten, fir vun dëser Offer profitéieren ze kënnen. D'Firma huet och eng Limitt festgesat, et kënne fir normal User pro Mount maximum 100.000 Punkten ëmgetosch ginn, awer maximal 30.000 (ronn 246 Euro) an enger Kéier. D'Premium-User kënne souguer 50.000 pro Transaktioun a 500.000 Pro Mount ëmtauschen.

Hiren Objektiv ass, Krypto-Wärungen ëmmer méi ze fërderen, fir dass ëmmer méi Servicer mat dësem System zougänglech ginn. Beim japaneschen Amazon fënnt een och Streaming, Media, mobil an finanziell Servicer awer och d'App Viber, déi zu der Grupp gehéiert. D'Firma huet och wëlles, geschwënn den "Rakuten Coin" ze lancéieren.

Rakuten schaaft sech schonn zanter Joren eng Plaz um Krypto-Maart. Esou kann een op hirer Säit schonn zanter 2015 mat Bitcoin bezuelen an e Joer méi spéit huet een an Nordirland e Blockchain-Labor opgemaach, wou also Krypto-Wärung gefarmt gëtt.

105 Millioune Leit sinn op der Plattform zanter 1997 ageschriwwen, 44.000 Verkeefer deele sech hei de Business.