D'Koreaner wäerten hiren neie grousse Projet am Kader vun der CES zu Las Vegas presentéieren. De Salon mécht seng Dieren en Dënschdeg op.

Dës Woch wäert sech d'Welt vun den neien Technologien nees an der amerikanescher Casino-Stad treffen. Vum 7. bis den 10. Januar komme grouss Acteuren, wéi Sony, LG, Samsung oder Philips, zesummen, fir hir neiste Produiten virzestellen. Awer och méi kleng Strukture wëllen der Welt weisen, wat se fir revolutionär Iddien haten.

Dëst Joer misst de japanesche Ris Sony eng wichteg Annonce maachen. Aus Korea kommen och méi Detailer iwwer den Samsung Galaxy Note 10 Lite an Samsung Galaxy S10 Lite, awer net nëmmen.

Nieft der neier Hardware huet Samsung och virgesinn, fir op der 2020 Editioun hire groussen a geheimnisvolle Projet "NEON" virzestellen. Bis ewell gouf vill iwwert dëse Projet geschwat, ouni dat awer wierklech Detailer dovunner bekannt goufen.

Dës nei kënschtlech mënschlech Form ass am Samsung Technology and Advanced Research (STAR) Labo entwéckelt ginn. Am Moment weess een net esou richteg, fir wéi eng Zwecker NEON benotzt gëtt, mä et gouf scho präziséiert, dass dës Kreatioun den Assistent Bixby net géif ersetzen.

D'Kommunikatioun vu Samsung hat zanter Chrëschtdag vill Aarbecht, fir datt déi ganz Welt Bescheed weess, datt Si NEON virstelle wëllen. Allerdéngs gouf net preziséiert, ëm wat et sech beim Produit genau handelt. Um Profil steet nëmmen d'Beschreiwung vun "artificial human", wat esou vill heescht wéi kënschtleche Mënsch.

D'CES zu Las Vegas ass ëmmer de Rendezvous vun den Iwwerraschungen an dëst Joer schénge grouss Nimm fir grouss Ukënnegunge suergen ze wëllen.