Et héiert een ëmmer méi dacks dass duerch 5G alles méi séier, méi effikass a méi revolutionär gëtt. Allerdéngs hunn etlech Tester ee Schwaachpunkt bewisen.

Duerch den ultra-séieren 5G-Reseau kann een alles méi séier kucken, sichen, fannen an eroflueden. Den "Internet of Things", wou Autoen, Objeten a Maschinnen vill méi séier matenee kommunizéiere kënnen baséiert op den neie Standard dee (bal) iwwerall op der Welt am Gaangen ass, installéiert ze ginn.

Frequenzen, Antennen an Apparater déi mat dëser neier Technologie equipéiert sinn, gi weltwäit getest fir d'Vir- an Nodeeler vum neie Reseau ze analyséieren. D'Stäerkt an d'Performancë vum 5G-Reseau schéngen allerdéngs duerch staarke Reen beaflosst ze ginn.

Esou hunn Experten erausfonnt dass, bei staarkem Nidderschlag, d'Zirkulatioun vun de Wellen duerch 2 kéint gedeelt ginn. D'Stäerkt vum Reseau kéint och bei negative meteorologesche Konditioune geschwächt ginn. Bei schlechtem Wieder kéint also de 5G-Reseau säi Verspriechen net onbedéngt anhalen.

Déi ganz kleng Wellen, aus deenen 5G besteet, si grad de Problem, well genee do fënnt een déi technologesch Entwécklungen vum neie mobille Reseau. Déi Millimeter-kleng Wellen hunn eng relativ schwaach Penetratioun a gi liicht vun Hindernisser gestéiert. Am Fall vu Reen kéinten d'Waasserdrëpsen een Deel vum Signal ophuelen.

Deemno wéi staark de Nidderschlag ass, kéint de Reseau tëscht 25% a 50% vu senge Performance verléieren. Déi eenzeg Léisung wier d'Installatioun vu méi Antennen déi de Relais iwwerhuelen oder d'Verstäerkung vun der Intensitéit vum Signal.

Am Moment ass 5G nëmmen op e puer Plazen aktiv. D'Evolutioun vum Reseau kéint nach e puer Joren daueren, wéi zum Beispill a Frankräich wou dat Ganzt nëmme fir 2022 virgesinn ass. Zu Lëtzebuerg missten déi éischt konkret Baustellen dëst Joer ufänken. Zäit hunn d'Operateuren also nach fir dës Wieder-Sensibilitéit ëmzegoen.