Et ass de gréisste Fernsee, dee bis ewell gebaut gouf: The Wall Luxury vu Samsung deen d'lescht Joer ugekënnegt an dës Woch op der CES virgestallt gouf.

Fir dës Tëlee iwwerhaapt installéieren ze kënnen, brauch een eng Mauer mat enger Diagonal vun op d'mannst 7,4 Meter. Dat ass d'Basis, déi den Apparat brauch, fir richteg benotzt ze ginn. Duerno muss een natierlech och wierklech gär Tëlee kucken... fir dee Präis, wier et schued, déi auszeloossen.

The Wall Luxury ass déi deierst a gréisst Versioun vum modulären Apparat vu Samsung deen, op Wonsch, op Mooss gebaut gëtt. D'Struktur bleift awer fir all Versioun déi selwecht: 30 Millimeter dënn, ouni Rand a mat 8K-Technologie (déi bescht an héchst Opléisung um Marché) equipéiert.

Fir eng Kéier gouf och de Präis direkt matgedeelt: 1,2 Milliounen Euro fir Tëlee ze kucken, "am Beschten do wou et hell ass, an enger luxuriéiser Residenz", esou déi koreanesch Mark an hirer Presentatioun vum Produit.

Esou eng Gréisst mat dëser Opléisung ass nëmmen duerch déi modulär Approche vun der Mark méiglech gewiescht. Hei goufen nämlech lauter MicroLED-Panneauen uneneen installéiert, fir op eng Diagonal vun 292 Zoll (7,4 Meter) ze kommen. Och dëst ass e Rekord bis ewell.

Fir den XXL-Ecran gouf eng Autonomie vun 100.000 Stonnen ugekënnegt, wat esou vill heescht wéi d'Tëlee 11 Joer ouni Paus, bei 120 Hz fir d'Bild-Frequenz an 2000 Nits fir Luminositéit, unzeloossen.