D'CES, d'Consumer Electronic Show, ass de gréissten Technologie-Event vum Joer.

E Méindeg ass dës Foire zu Las Vegas opgaangen an Dag fir Dag ginn do lo Innovatioune presentéiert, déi d'Welt vu muer verännere sollen. Vun impressionnanter kënschtlecher Intelligenz, bis Autoen, déi net nëmme fueren, mee och fléie kennen: eng Hellewull u Maschinnen, déi een staune loossen an déi d'Branche nei definéiere sollen. Iwwer 4.400 Aussteller sinn op der Plaz.

Schonn fir déi drëtte Kéier sinn och Lëtzebuerger Entreprisen a Startuppen hei present. Luxfactory ass zesumme mat der Chambre de Commerce an HP mat engen 100 Entrepreneuren aus Lëtzebuerg zu Las Vegas present, fir hei hir innovativ Projeten virzestellen.

© Luxfactory