D'Initiativ gouf vu 14 Muséeën aus der franséischer Haaptstad geholl, fir Konscht méi accessibel ze maachen.

E Mëttwoch ass de Projet online gaangen, mat méi wéi 300.000 digitale Reproduktioune vu Konschtwierker, déi aus de 14 Etablissementer vu Paris Musées stamen. D'Zil vun dëser Iddi ass et, de d'Leit d'Méiglechkeet ze ginn, déi Stécker besser kennen ze léieren.

Eng "open content" Operatioun déi d'Visibilitéit vun de Wierker an d'Kenntnis vun de Sammlungen a Frankräich an uechter d'Welt erhéije soll, esou Paris Musées an engem Communiqué.

Dës méi kleng Muséeën hunn et mat groussen Nimm vun der Konscht wéi de Louvre, Orsay oder de Grand Palais net einfach, mä proposéiere grad esou vill Bijouen. Op der Plattform fënnt een Nimm wéi de Musée Jean Moulin, de Petit Palais, d'Catacombes, d'Maisons Victor Hugo oder och nach de Musée d'Art moderne.

Amateure vu Molereie fanne Wierker vum Courbet, Delacroix, Rembrandt oder Van Dyck. Grouss Nimm vun der Fotografie wéi Atget, Blancard, Marville, Carjat sinn och hei vertrueden, ouni Skulptur, Numismatik, Kleeder oder och nach Archeologie ze vergiessen.

All Mënsch ka vun dësen HD-Biller profitéieren, se eroflueden a bewonneren, verschaffen, retuschéieren oder fräi benotzen. Hei ginn et och keng juristesch, technesch oder finanziell Restriktiounen an d'Reproduktioune kënnen och fir kommerziell Zwecker nees benotzt ginn.

D'Zuel vun de Biller déi schonn disponibel si wäert mat der Zäit ëmmer méi klammen, de fräien Zougang geschitt duerch d'Grupp vun de Muséeën esoubal d'Wierk an den ëffentlechen Domän fält.

© Paris Musées

Et fënnt een dës Offer um offizielle Site vum Gruppement. Vun do aus kann een no Konschtwierker, Muséeën, Kënschtler oder Sammlunge sichen. Et kritt een all Kéier Informatiounen iwwer d'Stéck matgeschéckt, seng Hierkonft oder wéi eng Materialie benotzt goufen. Wann ee bis d'Stéck erofgelueden huet, kritt een och erkläert wéi ee korrekt mam Wierk ëmgoe soll, zum Beispill net vergiessen d'Source ze nennen, wann d'Bild weider verschafft gëtt.

Aner Muséeë benotzte schonn dës "open content" Lizenz wéi de Rijksmuseum vun Amsterdam oder de Metropolitan Museum vun New York, a Frankräich ass et déi éischte Kéier dass eng Institutioun déi gläich Offer proposéiert.