Wie schonn um Ufank vun engem Film wëll gewuer ginn, wéi ee Personnage keng gutt Absichten huet, dee muss just op een Detail oppassen...

De Regisseur Rian Johnson huet nämlech verroden, dass de Smartphone dobäi eng wichteg Roll spillt. An engem Interview mat der "Vanity Fair" huet hie gezielt, dass et vun Apple eng strikt Virgab géing ginn, dass béis Figuren keen iPhone gebrauchen dierfen.

Wéi d'Chaîne CNBC bericht, hätt hien ufanks gezéckt, fir dës Informatioun präiszeginn. "All eenzele Regisseur, deen eng béis Figur a sengem Film huet, déi awer net soll verrode ginn, wëll mech elo ëmbréngen", huet hie gesot. Vun Apple selwer gëtt et nach kee Statement.

Wie sech vun dëser Theorie iwwerzeege loosse wëll, dee ka sech zum Beispill "Knives Out" ukucken. Do trëfft et zou. Ganz esou einfach ass dat Ganzt allerdéngs net... Wéi grenzt een eng "béis" Figur an? A wat mécht ee mat Personnagen, déi béis a gutt Säiten hunn? Do gëtt et just eng Léisung: esou vill wéi méiglech Filmowender organiséieren an et selwer erausfannen!