D'EU-Kommissioun huet e Freideg matgedeelt, datt no Netflix och elo d'Video-Plattform Youtube d'Qualitéit vun der Iwwerdroung zeréckgeschrauft.

Dës Mesure gëtt ëmgesat aus Angscht, datt d'Reseauen et net packen, well den Ament vill Leit vun doheem aus schaffen, respektiv wa se krank sinn oder net virun Dier dierfen.

Et wéilt ee garantéieren, datt den Internet an der Corona-Kris weider funktionéiert, sou den Industriekommissär Thierry Breton. Millioune Leit an Europa maachen den Ament Télétravail, Schüler a Studenten suivéiere Coursen an natierlech sinn och vill Film- a Videospiller-Offeren um Internet gebraucht. Den Thierry Breton huet d'Leit dozou opgeruff responsabel mat den digitalen Entertainment-Offeren ëmzegoen.

De Streamingdéngscht Netflix wäert nämlech fir déi nächst 30 Deeg den Datevolummen drosselen. Domadder regéiert Netflix op eng Ufro vun de EU, fir esou z'evitéieren, datt d'Netzer iwwerlaascht ginn. Netflix verséchert awer, datt hir Clienten an Europa och weider eng gutt Qualitéit solle kréien. D'US-Firma geet dovunner aus, datt een duerch dee Schratt 25 Prozent vum Volume kann aspueren.