An Zäite vum Confinement gräife méi Leit wéi soss op Online-Shopping zeréck.

Am Laf vum Mäerz huet den Europäesche Verbraucherzentrum CEC net manner wéi 15.000 Froe vu Consommateuren beäntwert. Dat wiere gutt 5.000 Demandë méi gewiescht wéi am Mäerz 2019.

De Verbraucherzentrum warnt dann och viru Bedruch am Netz, virun Allem bei Produiten, déi an direktem Lien zu der Kris stinn, wéi Otemschutzmasken oder Desinfektiounsmëttelen.

Donieft gëtt den Europäesche Verbraucherzentrum 8 Tuyauen, wéi ee sécher online akafe kann. Notamment soll een ëmmer iwwerpréiwen, ob et sech beim Ubidder ëm e seriöe Site handelt. Et soll een grad elo déi allgemeng Geschäftsbedingungen am Detail duerchliesen an och oppassen, fir perséinlech Donnéeën net einfach iergendwou unzeginn.

Méi detailléiert Froe beäntwert de Lëtzebuerger Volet vum Verbraucherzentrum iwwerdeems um Telefon ënnert der Nummer 26 84 64 1 oder via Mail op info@cecluxembourg.lu.