Eng Rei digital Plattforme wëlle méi haart duerchgräifen , ënnert anerem Facebook an Twitter hunn ugefaangen, Posten ze läschen. En ëmstriddene Schratt.

Dës Praxis wier eng Gefor fir d'Meenungsfräiheet, där Meenung ass den Direkter vum Zentrum fir politesch Bildung Marc Schoentgen. D'Argument, datt et hei ëm d'Sécherheet vun de Leit geet, wier problematesch.

Marc Schoentgen: "D'Sécherheet ass ëmmer dat lescht Argument, mat deem ee finalement déi perséinlech Fräiheeten oder déi verfassungsméisseg garantéiert Fräiheete ka beschneiden oder esouguer a Fro stellen, an deem Sënn muss een do ganz gutt oppassen."

Fake News an Zäit vu Covid-19 / Reportage Fanny Kinsch

De Problem wier, datt den Ament falsch Informatiounen an de soziale Netzwierker ënnerwee wieren, déi eng potentiell Gefor géifen duerstellen, seet d'Presidentin vum Presserot Ines Kurschat.

Ines Kurschat: "Ech mengen ee vun de Problemer, déi mir elo reell hunn, ass zum Beispill de Mythos, datt e gewësst Medikament soll géint de Coronavirus hëllefen, eng Bleech, déi een och aner chemesche Mëttel fënnt, an do hu Leit offensichtlech schonn dës Bleech geholl an eng Persoun an den USA ass gestuerwen, eng aner läit elo op der Intensivstatioun am Spidol. Dat heescht, do sinn och wierklech geféierlech News ënnerwee."

Hei misst een awer den Ënnerscheed maachen tëschent private Persounen, déi e Recht op Meenungsfräiheet hunn, an dem automatiséiertem a systemateschem Verbreede vu Fake News. Den Tri dierft awer net vun den Internet-Konzerner selwer gemaach ginn, ma vun onofhängegen Experten, déi op d'Meenungs- an d'Pressefräiheet sensibiliséiert wieren.

"Do gëtt et Leit, déi dat geüübt sinn, déi ExpertInne sinn, déi kënnen zum Beispill ganz gutt erkennen, wat sinn Algorithmen oder Bots, also richteg Campagnen, déi lancéiert ginn, wou ganz Welle vu Fake News duerch verschidde sozial Medien ginn. An deem Kontext gouf et och eng Warnung vun der däitscher Regierung, och eng Warnung vu Frankräich aus, wou si selwer gesinn hunn, do gëtt richteg mat gesteierte Bots probéiert déi falsch Corona-News ze pushen. An ech mengen, dat kënnen esou professionell Fakt-CheckerInnen tatsächlech och erkennen."

Esou kéint och verhënnert ginn, datt seriö Bäiträg vun etabléierte Medie geläscht ginn, wéi et am Ausland scho geschitt ass. Dem Presserot ass bis elo kee Fall bekannt vun engem Lëtzebuerger Medium, deem dat geschitt wier.