E Mëttwoch wëll Proximus de 5G lancéieren, eng Première an der Belsch.

Am Kader vun hirer Strategie #inspire2022 wëll de belschen Operateur Nummer 1 an Europa ginn. Dat sot de Proximus-Chef Guillaume Boutin en Dënschdeg bei der Presentatioun vun der Campagne. Dozou gehéiert, nieft dem mobillen Internet an der Telefonie, och den Ausbau vum Glasfasernetz am ganze Land.

Den Ament géif een nach op déi bestoend Infrastrukturen zeréckgräifen. Dëse wier an der Lag, sou Proximus, eng Vitess vu bis zu 30% iwwert dem 4,5G-Stabdart z'erméiglechen.