Zanter Méint befaasst sech dat däitscht Bundesamt fir Sécherheet an der Informatiktechnik mat Cyberugrëff, déi e Bezuch zum Coronavirus hierstellen.

IT-Experte warne virun enger neier Bedruchsmasch: Empfänger kréien an enger Mail gedreet, dass si an hir Famill am wierkleche Liewe mam Coronavirus ugestach ginn, wa kee Léisegeld a Form vu Bitcoins bezuelt gëtt. D'Erpresser notzen hei d'Onsécherheet vun de Bierger op eng affrontéiert Aart a Weis aus.

Grondsätzlech gëtt recommandéiert, net op Spam-Mailen oder onbekannt Linken ze klicken a scho guer net Léisegeld ze bezuelen, sou Eset. Am Zweiwel solle suspekt Noriichten direkt geläscht ginn.