D'App riicht sech u Kanner ënner 13 Joer, déi mat dëser App solle méi einfach ënnertenee kommunizéiere kënnen.

Speziell ass dorunner, datt d'Elteren och en Agrëff an dës App kënnen hunn. Esou musse si zum Beispill neie Kontakter zoustëmmen, kënne Kontakter läschen oder selwer nei Kontakter dobäisetzen.

"Elo mat de Schoulen zou an der physescher Distanz zu anere Leit, gräifen ëmmer méi Elteren op Technologie zeréck, fir hire Kanner et esou z'erméiglechen, mat Frënn a Famill a Kontakt ze bleiwen" heescht et vu Facebook.

Bis ewell war de Messenger just an den USA, Kanada an engen Handvoll Länner ze kréien. Zilgrupp si Kanner, déi u sech nach ze jonk sinn, fir sech e Facebookaccount ze maachen.

Bal an all Regioun op der Welt sinn elo rezent 70 Länner dobäi komm, wou een da Messenger Kids kann notzen. Op der aktueller Lëscht steet awer nach keen europäescht Land.