Ee jonke Mann huet sech d'Liewe geholl, nodeems hie gemengt hat, hien hätt mat sengen Investitiounen op der Broker-App Robinhood 730.000 Dollar verluer.

D'Tragedie ass de 12. Juni geschitt. Kuerz viru sengem Doud huet den 20 Joer alen Alexander Kearns sengen Elteren eng Nott hannerlooss, wou hie sech d'Fro stellt, wéi ee jonke Mënsch iwwerhaapt d'Verantwortung fir esou vill Sue kréie kéint. Hien hätt net richteg verstanen, wat hien op der Bourse gemaach hätt.

De Student huet den Drock net méi gepackt, déi rout Zuel vun engem Minus vun 730.000 Dollar op der App huet hien zu Déifst schockéiert. D'Famill vum Verstuerwenen huet dunn d'App gekuckt an erausfonnt, datt de Jonken a Wierklechkeet guer keng Scholden hat. Hie muss d'Interface vun der App falsch interpretéiert gehat hunn, well de Minus vu 730.000 Dollar war kee reelle Minus, ma just een op Kredit. Deen hätt sech geännert, wann déi nei Aktie bis verbucht gi wieren.

Wéi vill aner Jonker huet den Alexander Kearns wärend dem Confinement Interessi gewisen, op der Bourse ze investéieren. Dofir huet hie sech op der App Robinhood ugemellt. Dës ass gratis a virop u Jonker geriicht, déi einfach a séier kleng Zommen investéieren a spekuléiere wëllen. De But vun der App ass et, d'Bourse fir jiddereen ze "demokratiséieren". Elo stinn d'Interface an d'Erklärunge vun der App schaarf an der Kritik. Kritiker soen, se wier oniwwersiichtlech, schwéier ze verstoen an d'Firma wier wéineg transparent.

D'Grënner vu Robinhood, de Vlad Tenev an de Baiju Bhatt, soe sech schockéiert vum Tëschefall an hu versprach, datt si villes ännere géifen. Ënnert anerem ginn d'Critèren ënnersicht, ënnert deenen een iwwerhaapt investéieren dierf, déi jonk Investisseure solle besser sensibiliséiert ginn an d'Interface vun der App soll méi lieserlech gemaach ginn. D'Firma spent och 250.000 Dollar un d'amerikanesch Fondatioun fir Suizidpreventioun.