Am Meederchers Lycée um Lampertsbierg konnten d'Schüler sech fir d'Optioun "Mini Entreprise" aschreiwen an hunn do e klengen nëtzlechen Objet entwéckelt.

De Projet vun de Mini Entreprisen zesumme mat de "Jonken Entrepreneuren" hat méi Succès ewéi erwaart. Virun allem vun engem Aarbechtsgrupp gouf vill geschwat.

D'Schüler aus dësem Grupp hunn de klenge Géigestand "Protect-it" erfonnt. Dëse ka ville Leit haut bei hirem Kabel vun de verschiddene Chargeuren hëllefen, fir e Wackelkontakt ze verhënneren an dass en iwwerhaapt net futti goe kann.

Mir waren ons hir Erfindung virun der Corona-Kris ukucken.