Op Facebook, Twitter oder och Snapchat: an de soziale Medie poste Millioune Mënsche weltwäit schwaarz Biller. Wat stécht dohannert?

Hannert dëser Iddi stécht eng Campagne, déi en Zeechen am Kampf géint Rassismus setze wëll. Capitol Records, Warner Music Group a weider grouss Labelen hunn decidéiert, den 2. Juni 2020 keng Geschäfter ze maachen. Dëst als Zeeche vu Solidaritéit fir hir schwaarz Kolleegen a Kënschtler, ausgeléist duerch den Doud vum George Floyd, wéinst deem Mënschen op der ganzer Welt op d'Strooss ginn. Et wéilt een d'Zäit sënnvoll notzen, fir ze reflektéieren a sech a Saache Rassismus weiderzebilden, heescht et vu Capitol Records op Instagram.

View this post on Instagram

BLACK LIVES MATTER. #THESHOWMUSTBEPAUSED

A post shared by Capitol Records (@capitolrecords) on

Antëscht huet sech d'Aktioun zu enger weltwäiter Black-Lives-Matter-Beweegung entwéckelt. Eleng den Hashtag #BlackOutTuesday gouf schonn iwwer 11 Millioune Mol benotzt op Instagram, ënnert anerem och vu prominente Sänger, Schauspiller a Sportler.

© Screenshot / Instagram