Zu Bréissel huet sech d’EU-Kommissioun am Sträit mam Donald Trump hannert Twitter gestallt. Mä wéi eng Reegele fir sozial Netzwierker brauch Europa?

Den Donald Trump ass rosen iwwer Twitter, well d’Plattform seng Tweets elo engem “Fact-check” ënnerstellt, also seet op se der Wourecht entspriechen oder net. D’Republikaner mengen elo, dass d’Reegele fir sozial Netzwierker solle geännert ginn.

Twitter hat ee Link ënnert een Tweet vum U.S President gesat, fir dorop hinzeweisen, dass dat wat hie gesot huet, net stëmmt.

An den USA ass et esou, dass sozial Medien net kënne viru Geriicht responsabel gemaach ginn, fir dat wat op hirer Plattform steet, anescht wéi d’Press. Als Beispill, wann dir an der New York Times engem ouni Beweist virwerft ee Schwéierverbriecher ze sinn, da kann d’New York Times op d’Geriicht geholl ginn. Op Twitter oder Facebook ass dat net de Fall, well et een offene Forum ass, an deen deen de Bäitrag schreift, ganz eleng fir säi Contenu responsabel ass.

Den Donald Trump wëll déi Reegelen, zu Ongonschten vun Twitter, elo changéieren.

Zu Bréissel huet sech d’Europäesch Kommissioun am Sträit mam Donald Trump hannert Twitter gestallt. Mä wéi eng Reegele fir sozial Netzwierker brauch Europa?

Déi Lëtzebuerger Europadeputéiert Tilly Metz seet, dass eis Reegelen op alle Fall net up-to-date sinn. Aktuell EU-Reegele si méi al wéi Facebook an Twitter selwer.

Fir déi Gréng Politikerin ass et eng schwiereg Diskussioun, an där de Gesetzgiewer wichteg Aspekter vum Online-Discours muss a Betruecht zéien. Sozial Medien hunn eng Responsabilitéit, mä déi encadréierend Reegele missten op hir Effekter analyséiert ginn, sou nach d’Tilly Metz. Sou kéint et beispillsweis net zu Reegelen vun automatesche Filtere kommen.

D’Europäesch Kommissioun huet iwweregens en Dënschden eng ëffentlech Consultatioun zum dësem Thema lancéiert, déi bis den 8. September kann ausgefëllt ginn.