Zanter kuerzem Woch kënnen déi franséisch Bierger op eng App zréckgräife mam Numm "Stop Covid".

Fir dass dës Applikatioun och nëtzlech ka sinn, mussen awer och Millioune vu Fransousen dës App op hiren Handy eroflueden. Mat Hëllef vun der "Stop Covid"-App hofft déi franséisch Regierung, eng 2.Well z'evitéieren.

"Stop Covid" heescht d'Applikatioun a Frankräich. D'Erofluede vun dëser App ass fräiwëlleg a gratis. Si wär och net geduecht, fir d'Bierger ze kontrolléieren.

Ronn 67 Milliounen Awunner liewen am Hexagone. An de leschten 8 Deeg hunn eng Millioun Mënschen dës Applikatioun op hiren Handy gelueden. D'App funktionéiert iwwer Bluetooth. Ass ee méi laang ewéi eng Véierelsstonn a Kontakt mat enger Persoun, déi positiv op de Covid-19 getest gouf, gëtt een dëst op senger eegener App gewuer.

Fir déi jonk Fra a Mamm Céline Sorio war et séier kloer, dass si sech géif dës "StopCovid"-App op hire GSM eroflueden.

D'Céline wunnt a Frankräich no un der Grenz mat Däitschland a schafft zu Lëtzebuerg. Zu Steebrécken. Si schafft an enger klenger Ekipp. Hei ass si och déi eenzeg, déi ablécklech dës App um Handy huet.

Si selwer hat sech e leschte Freideg teste gelooss an ass net mam Virus infizéiert.

D'Céline Sorio ass ganz zefridde mat der "Stop Covid"-App. Elo versicht si, hir Aarbechtskolleegen a Kolleeginnen och vun dëser Applikatioun ze iwwerzeegen.