Nodeems a verschidde Länner offiziell Corona-Warn-Apps erauskomm sinn, koumen och Verbriecher op Iddien. Si hunn nämlech fake Corona-Warn-Apps lancéiert.

Déi gesi genee esou aus, wéi déi offiziell App vum Land, an där se disponibel ass. Anomali, eng kalifornesch Entreprise, huet eng Dosen där Apps um weltwäite Marché fonnt. Huet een esou eng App dann installéiert, kënnen doriwwer Viren op de Smartphone kommen an d'Verbriecher kënnen d'Date vun den Handy-Notzer klauen.

Verbreet ginn, wieren déi falsch Apps bis elo an Armenien, Brasilien, Indien, Kolumbien, Indonesien, Iran, Italien, Kirgistan, Russland a Singapur.

Wichteg ass och, datt et déi Apps net op de gewinnten, offizielle Plazen ze fanne gëtt: net um Google Play Store an net am App Store. Et kritt ee se op aneren Internetsitten oder iwwer aner Apps erofzelueden. Op engem Site kritt de Benotzer dann Angscht mam Coronavirus gemaach a gëtt dozou opgefuerdert, eng App erofzelueden.

Déi richteg Corona-Warn-Apps solle beim Tracing hëllefen, also dobäi, déi Leit ze fannen, déi Kontakt mat engem Infizéierten haten. Hei am Grand-Duché gëtt et keng offiziell Corona-Warn-App. All App, déi een also um Internet fënnt, kann net seriö sinn a soll och net erofgeluede ginn.