Bei den Accounte soll et sech ëm Konten handelen, déi am Interessi vun der chinesescher Regierung Propaganda verbreet hunn an deels och Fake-News.

Eegenen Informatiounen no, wieren 23.750 Konten entdeckt a geläscht ginn, déi am grousse Stil Feelinformatioune verbreet hunn. D'Konte wieren awer fréi erkannt ginn an eben doropshi geläscht.

Des weideren hätt ee ronn 150.000 Accounte gestoppt, déi Noriichten duerch Retweets a Likes weiderverbreet hunn, déi angeblech dem Interessi vun der chinesescher Regierung gedéngt hunn. Beim Contenu wier et ënner anerem ëm d'Protester an Hong Kong gaangen, oder ëm d'Ausbreedung vum Coronavirus.

Et goufen och e puer dubiéis Konte gespaart, déi am Interessi vun der russescher oder der tierkescher Regierung gehandelt sollen hunn. Där waren et der awer däitlech manner.