De weltwäit gréisste Sozialreseau um Internet reagéiert domadder op jorelaang Kritik iwwert den Afloss op Walen.

Facebook huet annoncéiert, datt an Zukunft politesch Reklammen ee "Label" kréien, een Zeechen also dat weist, wie fir d’Reklamm bezuelt huet, och wann déi Reklamme vun Utilisateure weidergedeelt ginn.

De weltwäit gréisste Sozialreseau um Internet reagéiert domadder op jorelaang Kritik, datt een Afloss op Wale solle geholl hunn. Notamment wéi Russland sech an d’US-Walen 2016 agemëscht huet. Zanter 2018 stoung bei enger Reklamm wien dofir bezuelt huet, mee wann een dat gedeelt huet, da stoung d’Informatioun net méi do.