Twitter test de Moment d'Optioun, fir net nëmme schrëftlech, mä an Zukunft och mëndlech kënnen ze twitteren.

E geschwaten Tweet dierf maximum 140 Sekonne laang sinn. Wann ee méi laang schwätzt, fänkt automatesch eng nei Noriicht, also en neien Tweet un.

Twitter huet annoncéiert, datt dës nei Funktioun an enger éischter Phas nëmmen iwwert d'Twitter-App fir iOS-Systemer vun iPhonen an iPade vun Apple disponibel wäert sinn. Allerdéngs ka jiddwereen d'Sproochnoriichte lauschteren.