Ob Kosmetikartikel, Kleedungsstécker oder Smartphonen: Online-Shopping gewënnt an der moderner Gesellschaft ëmmer méi u Beléiftheet.

Éier ee seng Wuer online keeft, liest ee sech gäre mol Rezensiounen am Internet duerch a leet Wäert op d'Stären, déi e Produit vun anere User krut. Bei 4 oder 5 Stäre gräift ee gäre mol zou, bei 1 oder 2 léisst ee léiwer d'Patten dovun.

Bewäertungen, déi dem Client d'Kaf-Entscheedung u sech vereinfache sollten. Ganz esou einfach ass et awer net, well vill vun de Rezensioune kaf goufen. Dacks ginn d'Texter vu Privatpersounen als klengen Nieweverdéngscht geschriwwen.

"Stiftung Warentest" hat a 7 Agencen Testpersounen inkognito agestallt, fir ze kucken, ob a wéi vill där Bewäertunge manipuléiert ginn. Zil war et erauszefannen, wéi vill negativ Feedbacken d'Agencen akzeptéieren. Dowéinst hunn déi 7 Bewäerter bewosst kritesch Texter verfaasst, déi wéi gewéinlech Rezensiounen ausgesinn. Fir de Produiten net ze schueden, hunn d'Mataarbechter vu "Stiftung Warentest" konsequent mëttelméisseg Bewäertungen an 3 Stäre verginn.

3 Stäre sinn ze mann

Domat waren déi meescht getesten Agencen awer net zefridden. An 63 Prozent vun de Fäll hu si sech agemëscht, just 2 vun de 7 hunn net versicht, d'Rezensiounen ze beaflossen. Bei all 4. Bewäertung gouf esouguer onmëssverständlech gefuerdert, ganzer 4 oder 5 Stären ze verdeelen. Negativ Kriticke géingen net ugeholl ginn, fir dem Artikel net ze schueden.

Bewäertunge ganz einfach kafen

Donieft gouf och nach getest, ob et komplizéiert ass, manipuléiert Stären ze kafen. Och hei ass d'Äntwert vu "Stiftung Warentest" beonrouegend: Nee, et ass net schwéier. An hirem Optrag ass et engem Internet-Händler bei 4 Top-Agencë gelongen, positive Feedback fir säi Google-Profil ze kafen. Eng Bewäertung huet 10 Euro kascht.