D'Entreprise "Segway PT" (PT steet fir "Personal Transporter") ass hire Produit net méi lassginn.

Et kennt een d'Biller vun Touristen oder awer och vu Polizisten op den elektreschen Trottinetten, déi ee mam Gewiicht kontrolléiert, ma déi si geschwë Geschicht. Se bréngen nämlech net genuch Suen eran.

2019 hunn d'Segway-PTen nëmmen 1,5 Prozent vum Joresëmsaz vun der Entreprise mam selwechten Numm duergestallt. Vum 15. Juli u gëtt d'Produktioun vum ikoneschem Transportmëttel agestallt. 21 Mataarbechter sollen dowéinst direkt entlooss ginn, 12 weiderer an engem bis 12 Méint.

D'Corona-Kris hätt d'Produktioun an de Verkaf wuel beaflosst, sot d'Presidentin vu "Segway PT" Judy Cai géigeniwwer der Noriichtenagence AP, ma dat wier awer net de Grond fir d'Decisioun gewiescht.

D'Firma hat sech an de leschte Jore scho méi op elektresch Scootere konzentréiert, déi beléift an och méi präiswäert sinn. Experten no waren déi zolidd Präisser vun op d'mannst 5.000 Euro wuel ee Grond, firwat de Produit sech beim Consommateur ni wierklech duerchgesat huet.

Dobäi kommen eng Rei spektakulär Accidenter mat Segwayen. De brittesche Millionär Jimi Heselden, deen d'Firma 2009 kaf hat, ass 10 Méint méi spéit déidlech mat engem Segway verongléckt, hie war eng Kliff erofgefall.