Marke wéi Coca-Cola oder Honda verlaange vun de sozialen Netzwierker, méi géint Haasskommentaren z'ënnerhuelen.

Iwwer 100 weltbekannten Entreprisë boykottéiere Facebook den Ament, well si der Meenung sinn, dass an de sozialen Netzwierker net genuch géint Haass, Fake News a Rassismus ënnerholl géing ginn. Dëst soll an Zukunft awer änneren. Ënnert dem Hashtag #StopHateForProfit hu sech grouss Firmen a Konzerner zesummegoen, fir hiert Zil z'erreechen.

An engem Post huet de Mark Zuckerberg e Freideg reagéiert a gesot, dass een an Zukunft géing eng grouss Bandbreet vun Annoncen - dorënner och Reklamme fir d'Walen - verbidden. Dat gëllt och fir Behaaptungen, bei deene Mënsche vun enger bestëmmter "Rass, Ethnie, nationaler Hierkonft, Relioun, sexueller Orientéierung, Geschlechtsidentitéit oder engem bestëmmten Migratiounsstatus als Gefor fir kierperlech Sécherheet, Gesondheet oder d'Iwwerliewe vun anere géingen duerstellen", sou de Grënner vu Facebook.

Flüchtlingen oder Leit, déi op der Sich no Asyl sinn, solle virun esou Annoncë geschützt ginn, déi si als mannerwäerteg géingen duerstellen.

Wéi ass et zum Boykott komm?

Nom Opruff vun der Organisatioun "Anti-Defamation League" si grouss Firme wéi Patagonia, North Face, Unilever, Verizon oder Coca-Cola nogezunn.

An engem Post op Instagram schreift Verizon zum Beispill, dass Marke verflicht wieren, en digitaalen Ökosystem op d'Been ze stellen, deem ee vertraut an dee sécher ass. Dowéinst géingen hir Marken an den USA op Publicitéit op Facebook, Instagram an Twitter verzichten.

"Et gëtt keng Plaz fir Rassismus an der Welt an et gëtt keng Plaz fir Rassismus an de sozialen Netzwierker", reagéiert de Konzernchef vu Coca-Cola, den James Quincey.

Eng Aktioun, déi direkt Wierkung gewisen huet: d'Facebook-Aktien hun e Freideg iwwer 8 Prozent verluer. Keng gutt Nouvelle fir d'Plattform, deenen hir Recetten zu iwwer 95 Prozent duerch Reklammen erakommen.