Nieft der beléifter Social Media Plattform ginn och nach 58 aner Applikatiounen aus China an Indien verbueden.

Also Grond fir de Verbuet vun all deenen Applikatioune wier, datt hei Inhalter, déi geklaut waren, heemlech verbreet ginn. Bei TikTok kënnt nach dobäi, datt hei déi indesch Regierung d'App wéinst der nationaler Sécherheet an dem Respektiv un der Privatsphär vun den Inder verbueden huet. Ronn een Drëttel vun den TikTok-User koume bis ewell aus Indien.

TikTok selwer verdeedegt sech awer géint déi Virwërf a seet vu sech selwer, datt ee wuel d'Sécherheet an d'Privatsphär vun de User géif respektéieren, esou, wéi datt am indesche Recht gefuerdert gëtt.

Nieft TikTok sinn eben nach weider chinesesch Firmen op dëser Lëscht, dorënner Weibo, de chineseschen Twitter, oder d'Spill Clash of Kings.

D'Stëmmung tëscht den zwou Atommuechten Indien a China ass a leschter Zäit net gutt, dat nodeem d'Truppen aus béide Länner sech en Gefecht mat Doudesaffer un der Grenz beim Himalaya geliwwert hunn.