Twitter-Konte vu bekannten US-Entreprisen a prominente Persoune goufen e Mëttwoch gehacked.

Op hire Profiller ass e Mëttwoch en Opruff gepost ginn, bannent 30 Minutte Bitcoins am Wäert vun 1.000 Dollar ze iwwerweisen. Als Belounung géing een dat Duebelt vun der Zomm als Kryptowärung zeréckbezuelt kréien.

Twitter huet vun engem "Sécherheetsvirfall" geschwat an déi falsch Opriff no kuerzer Zäit geläscht. "Dëst ass e Bedruch, maacht net mat", schreift ee vun de Grënner vun der Krypto-Bourse Gemini Exchange, de Cameron Winklevoss. Et géing un enger Léisung geschafft ginn. Der Internetsäit Blockchain.com no wieren 116.000 Dollar iwwerwise ginn.

Concernéiert vum Hackerugrëff waren ënnert anerem Apple, de CEO vu SpaceX Elon Musk, den Amazon-Grënner Jeff Bezos, Uber an de Microsoft-Grënner Bill Gates.

Dëst ass net déi éischte Kéier, dass Twitter mat engem Hackerugrëff ze kämpfen huet. Am Mäerz 2017 goufen d'Konte vun der Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International, dem franséische Wirtschaftsministère a BBC-Nordamerika gehacked. Et gëtt ugeholl, dass et méiglecherweis Unhänger vum tierkesche President Recep Tayyip Erdogan waren.