Den Tesla- a SpaceX-Chef huet en Dënschdeg säin neie Projet zu San Francisco virgestallt, deen op den éischte Bléck un e Science-Fiction-Film erënnert.

Mat "Neuralink" wëll den Elon Musk ee vu sengen Dreem erfëllen: Déi mënschlech Fäegkeeten "upgraden". De Startup, deen 2016 an d'Liewe geruff gouf, entwéckelt e Verfaren, bei deem een Elektroden an d'mënschlecht Gehier implantéiert. Op dës Manéier erhofft ee sech, enges Daags neurologesch Krankheete besser behandelen ze kënnen. De CEO vun Tesla a SpaceX wëll zum Beispill Leit mat motoresche Stéierungen nees Kontroll iwwert verschidde Kierperfunktiounen zeréckginn. "Am Prinzip kann een alles reparéieren, wat am Gehier falsch leeft", sou de Musk.

E Sensor, dee just e puer Millimeter grouss ass, gëtt an d'Gehier implantéiert. Mat Elektrode gëtt de Kontakt zu den Nervenzellen hiergestallt. Dës Elektrode sinn iwwer dënn a flexibel Fiedem mam Sensor verbonnen. Zil vun den Elektroden ass et, d'Aktivitéit vun den Neuronen ze miessen an dës duerch elektresch Impulser ze stimuléieren. Gesteiert gëtt de Sensor per Bluetooth-Empfänger, deen hannert dem Ouer placéiert gëtt, änlech wéi bei engem Hörapparat.

Eng App um Smartphone erméiglecht et, dat Ganzt ze kontrolléieren. Wéi bei aneren elektroneschen Apparater gëtt hei d'mënschlecht Gehier mam Computer verbonnen.

Domat net genuch. Geplangt ass, dass d'Operatioun net vu Chirurgen duerchgefouert gëtt, mä vu Roboteren, déi och vun "Neuralink" entwéckelt goufen. Esouguer wann de Projet sollt gréng Luucht kréien, ass net gewosst, ob et en Erfolleg wäert ginn. Et ass nämlech nach oppen, ob déi elektresch Signaler, déi ee moosse wäert, iwwerhaapt eppes Konkretes aussoen.

Déi lescht Phas ass fir Enn 2020 virgesinn. Da soll déi klinesch Phas vum Projet ufänken. Éischt Etüde si mat queeschschnëttsgeläämte Mënsche geplangt, déi via Elektroden a Sensore sollen hire Smartphone bedénge kënnen, ouni hir Hänn ze benotzen. Et ass awer net sécher, ob et iwwerhaapt zu dësen Experimenter komme wäert. Als éischt muss d'FDA hiren Accord ginn. Dem Elon Musk no kéint dat laang daueren.