Duerch Problemer mat der Corona-App goufe Leit iwwer Wochen net driwwer informéiert, wa se Kontakt mat engem Infizéierten haten.

An dobäi ass dat den eigentleche Sënn vun der Applikatioun, déi hëllefe soll, Infektiounsketten nozevollzéien an z'ënnerbriechen.

Ma 5 Wochen nom Start vun der App an Däitschland waren et virop Notzer vu Samsung- oder Huawei-Telefonen, déi den Tool net richteg notze konnten. De Problem war, datt d'Android-Systemer, fir Energie ze spueren, d'Hannergrondaktualiséierung vun Applikatiounen automatesch ausgeschalt huet, wann d'Persoun d'App zougemaach huet. Doduerch sinn d'Warnunge vun enger méiglecher Corona-Infektioun einfach net um Handy ugewise ginn. Zanter dem 22. Juli ass dee Problem geléist ginn.

Mee och fir iPhone funktionéiert d'App net wéi se soll. Usere sollen wärend Wochen net iwwer méiglech Kontakter zu Infizéierten informéiert gi sinn. Hannergrond vum Problem ass deen nämmlechten, wéi scho bei den Android-Systemer. D'Corona-App muss nämlech och am Hannergrond lafen an Daten aktualiséieren, wann een d'App net op huet. Ma och am Fall vun Apple gouf de Problem behuewen an d'Leit musse just déi adaptéiert Versioun vun der Applikatioun eroflueden, fir datt et richteg funktionéiert.