Laang gouf driwwer diskutéiert, elo steet se virun der Dier. D'5G-Technologie, den neie Standard an der Telekommunikatioun.

Méi Daten an eng méi séier Iwwerdroung sinn d'Konsequenz. Fir genee ze sinn, bis zu 100 Mol esou séier. Och zu Lëtzebuerg lafen d'Preparatioune fir den Ëmschwong op Héichtouren. Ma wat genee bréngt de 5G mat sech?

All Netz-Generatioun huet méi séier Vitessen an domat nei Utille mat sech bruecht. Déi éischt Generatioun, den 1G huet telefonéieren ouni Kabel iwwerhaapt eréischt erméiglecht. Mat 2G konnt ee fir déi éischte kéier SMSen schreiwen. Mam 3G koum de Smartphone an de mobillen Internet un. An de 4G huet dat néidegt Datevolume bruecht fir Musek, Fotoen a Videoe konsequent deelen a streamen ze kënnen. De 5G versprécht d'Vitesse vun der Kommunikatioun weider no fir ze bréngen. De Grond: méi héich Frequenzen.

Grouss Dateie kënnen innerhalb vu Sekonnen iwwerdroe ginn. An aus engem volle Futtballstadion, kënne vu zéngdausende Fans gläichzäiteg hier Momenter ronderëm d'Welt gedeelt ginn. Eng schéi Perspektiv fir op d'mannst no der Corona-Zäit.

Wann een elo zum Beispill eng Serie vu 50 Minutten erofluet, brauch ee mam momentanen 4G-Netz ongeféier 17 Sekonnen, bei 3G huet waren et nach gutt 2 Minutten. 5G kritt dat a 5 Sekonnen sinn. Den neie Reseau mécht eng Internet-Verbindung bannent enger Millisekonn méiglech. Dat ass vun der Leeschtung hir dat 10-facht vum aktuelle 4G.

Am Gespréich si Frequenze vun iwwer 24 Gigahertz, sougenannte Millimeterwellen. Eng Neiegkeet fir Telekommunikatioun.

Well et den Ament awer kaum medezinesch Etüden doriwwer gëtt, wéi d'Stralen sech op d'Gesondheet vum Mënsch auswierken, sinn se an Europa nach net zougelooss. Den Ament si just Frequenze vun ënner 6GhZ erlaabt. Dës kënnen duerch d'5G-Technologie awer besser genotzt ginn.

Fir déi éischte Kéier kënnen esou vill Apparater un engem Netz verbonne sinn, ewéi nach ni. Mam 5G bis zu enger Millioun. Beim 4G waren et am Verglach 200.

Grad dowéinst ass de 5G virun allem och fir d'Industrie intressant, dat fir connectéiert Maschinnen. Ma och fir d'Medezin op Distanz. Och intressant dierft de Reseau fir d'Automobilindustrie sinn, speziell fir d'Visioun vum autonomen Auto.

Do virdru mussen d'Antennen awer ënnerierdesch mat Glasfaser Kabele verbonne ginn. Dat kascht. Ma dauert virun allem. Dofir wäert de 5G och eréischt an den nächste Jore flächendeckend zu Lëtzebuerg accessibel sinn.

Wat schwätzt dann elo eigentlech géint 5G?

Et si virun allem d'Stralen oder d'Frequenzen, déi fir Opreegung suergen. Bis elo hu mir Frequenze vu manner wéi 2,6 Gigahertz. Bei dem neien 5G-Netz leien dës bei tëschent 2 an 3,7 Gigahertz. Op laang Zäit ass esou rieds vun iwwer 24 Gigahertz.

Dobäi gëllt: Wat Frequenz méi héich ass, wat d'Reechwäit méi kleng ass, also musse méi Diffusiounsantennen opgeriicht ginn, déi natierlech stralen. Dës Antenne ginn an Zukunft a klenge praktesche Këschten iwwerall do verdeelt, wou se gebraucht ginn.

Déi elektromagnéitesch Stralung vun Handy an Antennen wieren awer net staark genuch, fir Kriibs ze verursaachen, soe Fuerscher vun der Uniklinik Oochen.

Et wéisst een awer nach net genee, wéi d’Strale sech wierklech op d'Bevëlkerung auswierken esou de Wilfried Kühling  vum wëssenschaftlechen Conseil fir Ëmwelt- an Naturschutz Däitschland. Iwwerspëtzt kéint ee soen, de 5G ass een Experiment, wou a punkto Stralebelaaschtung nach villes onkloer an onerfuerscht ass.

Wat ass de 5G? E Reportage vum Chris Meisch