Enger Ëmfro no hu sech 55 Prozent vun den däitschen Entreprisen wéinst der Pandemie digital weiderentwéckelt.

31 Prozent vun de Betriber hätten zum Beispill nei Computer-Programmer agefouert fir eng besser digital Zesummenaarbecht. Weider 36 Prozent vun de Firmen hu méi intensiv op digital Instrumenter zeréckgegraff a 64 Prozent vun den Entreprisen hu wëlles, an Zukunft méi heefeg Online-Konferenzen z'organiséieren. 59 Prozent géingen driwwer nodenken, d'Konferenzen nëmmen nach digital ze halen an 61 Prozent sinn dofir, Déngschtreesen anzeschränken an och do op digital Moyenen zeréckzegräifen.

Och fir den Teletravail gouf et duerch d'Pandemie en Duerchbroch. 73 Prozent vun de Betriber, déi bannent der Corona-Kris deelweis vun doheem aus geschafft hunn, hätten elo wëlles, och an Zukunft méi Aarbechtsstonne vun doheem aus unzebidden.