Nodeems den Donald Trump gedreet huet, d'Plattform an den USA ze verbidden, intresséiert sech elo Microsoft fir de Kaf vun den amerikanesche Parten.

Microsoft huet e Sonndeg ugekënnegt, dass si am Gaang wiere mam chinesesche Besëtzer ByteDance ze verhandelen, fir eventuell den US-Marché vun der App opzekafen. Si wéilten de Kaf bis de 15. September vervollstännegt hunn, esou de Microsoft-CEO Satya Nadella.

Den Donald Trump a seng Regierung werfen Tiktok vir, si géinge verschidden Daten un d'chinesesch Autoritéite weiderginn. Den US-President hat e Freiden ugekënnegt, hien géing Tiktok an den USA späre loossen an de Finanzminister Steven Mnuchin hat gesot, Tiktok géing entweder kaf ginn oder geblockt.

Microsoft huet och dozou ausgesot, dass am Fall vun engem Kaf, dann och eng grëndlech Sécherheetsanalyse gemaach misst ginn.

Tiktok huet momentan 1.500 Leit, déi an den USA schaffen an déi Zuel sollt op 10.000 eropklammen, bannent den nächsten 3 Joer.

Ee komplette Verbuet wier, Experten no, bei Wäitem méi schiedlech fir d'USA ewéi ee Kaf. D'Server wieren all ausserhalb vu China an et géinge keng Beweiser ginn, dass eng Gefor fir d'national Sécherheet do wier. Ausserdeem géinge Milliounen Amerikaner d'App benotzen.