Bannent manner wéi enger Minutt ass en Dënschdeg de Prototyp SN5 an d'Luucht geschoss an nees sécher um Buedem gelant.

D'Missioun Mars gëtt ëmmer méi warscheinlech, huet de CEO vu SpaceX op Twitter geschriwwen. Déi 120 Meter laang Rakéit ass de bis ewell gréisste Prototyp, mat deem d'Entreprise wëll Mënsche bei de roude Planéit bréngen. Fréier Prototyppe si wärend den Tester um Buedem explodéiert.

"Mir wäerten op de Mound fléien, mir wäerten eng Basis um Mound hunn. Mir wäerte bei de Mars fléien", huet de Grënner vu SpaceX e Sonndeg no der Landung vun der SpaceX-Kapsel gesot. Déi US-Astronaute Bob Behnken an Doug Hurley si virun zwee Méint op d'ISS geflunn. Eng Premiere an der Geschicht vun der Raumfaart: Dëst war nämlech den éischte Vol vun enger privater Entreprise op d'International Raumstatioun.