Eng nei Funktioun vun der Android-Netflix-App, déi d'Filmer a Serie méi lues oder séier ofspillt, kënnt net gutt u bei Produzenten a Regisseuren.

Netflix hat ewell eng Funktioun ausprobéiert, déi erméiglecht huet, ee Film oder eng Serie 1,5 Mol méi séier ze kucke wéi déi original Versioun. Dëst wier fir Netflix-User, déi entweder Akku oder Zäit wéilte spueren. E Film 1,5 Mol méi séier oder méi lues ze kucken, géing net vill Ënnerscheed maachen, sou de Streaming-Site.

Där Meenung si vill Leit awer net, sou wéi zum Beispill den Judd Apatow, deen ënnert anerem zoustänneg ass fir d'Netflix-Serie "Love". Hie fënnt, d'Serien a Filmer sollten esou bleiwen, wéi se original geduecht wieren. Et géinge soss vill Witzer, traureg Momenter oder Actionzeenen zerstéiert ginn.

D'Funktioun muss fir all Serie oder Film separat aktivéiert ginn, soudass d'Filmer grondsätzlech ëmmer an originaler Geschwindegkeet ofgespillt ginn.