Zu Yokohama bauen Ingenieuren een 18 Meter grousse Roboter. Am Oktober soll dëse fäerdeg ginn.

Fans vum Anime-Roboter Gundam kënne sech op déi 25-Tonne-Replik freeën, déi zu Yokohama an der Gundam Fabrik bei Tokyo gebaut gëtt. D'Konstruktioun ass zanter dem 29. Juli fäerdeg a soll am Oktober asazbereet sinn.

De Roboter gouf mat engem mechanesche Skelett gebaut, deen et him erméiglecht, sech ze beweegen. Ingenieuren haten de 5. Juli d'Mouvementer vu senge Been a vun senger Broscht getest.

Éier de Kapp vum Gundam-Roboter um Rescht vu sengem Kierper befestegt gouf, hate Shinto-Paschtéier eng "jotoshiki" Zeremonie organiséiert, fir dësen ze seenen.