Zwou verschidde Quellen hu Screenshots vun den Astellunge publizéiert, déi vun engem Prototyp vum iPhone 12 Pro Max stame sollen.

Ee Leak weist souguer de Modell an engem Video.

Wéinst der Pandemie muss och Apple sech upassen, sou dass déi nei iPhone-12-Serie eréischt am Oktober an net am September presentéiert gëtt. Dohier sinn och elo réischt Leaks opgedaucht, dat well de Prototyp vun Apple elo réischt fir ze testen an den Asaz komm ass, iert eng Masseproduktioun declenchéiert gëtt.

Fotoen a Videon vun de Leaker verode vill interessant Detailler iwwert d'Kamera an den Display vum iPhone 12 Pro Max. Dës soll awer just fir déi déck Modeller zoutreffen, déi méi bëlleg Modeller dierften heivunner net betraff sinn. Op alleguerten d'Funktiounen déi gewise ginn, och tatsächlech ëmgesat ginn, steet bis ewell och nach net fest.

Ënnert anerem wëll een an déi déck Pro-Modeller gären en Display vun 120 Hertz abauen, sou wéi dat scho beim Samsung Galaxy Note 20 Ultra de Fall ass. Fir d'Batterie ze schützen, soll een dann och bestëmme kënnen, a wéi enger Situatioun ee mat 60, respektiv 120 Hz fiert.

Am Kader vun de Fotoen an der Kamera, wëll Apple nees Numemr 1 ginn. Genee wéi den iPad Pro, sollen och déi nei iPhone-Modeller a Lidar-Sensor hunn. Hei geet et jo drëms, de Night-Mode an den Autofokus ze verbesseren.

Iwwert den Design ass manner bekannt, well de Prototyp getarnt ass, an den Design, deen am Endeffekt an den Asaz kënnt, net reveléiert.