Den Chip soll mat Hëllef vun engem Roboter an de Kapp ageplanzt ginn a soll an Zukunft kënne mam Smartphone kommunizéieren an Nerveschied iwwerbrécken.

Den Apparat funktionéiert dann och tatsächlech, virgestallt gouf dem Public den Chip vum Musk senger Firma "Neuralink" e Freideg bei enger Presentatioun. Ageplanzt gouf den Chip och schonn, dat beim Gertrude, engem Schwäin.

De Milliardär Elon Musk mécht wéi et schéngt enorm Fortschrëtter bei sengem Plang, fir eng elektronesch Verbindung mam mënschleche Gehier ze schafen. De Prototyp vum Chip huet en Duerchmiesser vun 23 Millimeter an ass nëmmen 8 Millimeter déck. Fir dass d'Informatiounen tëscht Smartphone a Gehier kënne fléissen, gëtt den Chip an de Kapp agesat.

© Neuralink / AFP

Ënnert anerem kéint den Chip bei Behandlunge vu Peng, Problemer mat den An, Problemer mam Gehéier, Problemer mam Schlof oder Schied um Gehier oder der Wirbelsail agesat ginn. Blesséiert Nerveschied kéinten esou iwwerbréckt ginn, sou dass zum Beispill Persoune mat Lämungen nees lafe kënnen. Wéini den Chip op de Marché kënnt, ass nach onkloer.

De Prototyp vum Chip wier ënnert anerem mat Temperatur-, Drock-, a Beweegungssensoren ekipéiert. Den Elon Musk betount, den Apparat kéint zum Beispill eis Gesondheet iwwerwaachen an eis virun Häerzinfarkt oder engem Schlag warne kéint. Den Chip soll iwwregens mat Bluetooth iwwert eng App mam Smartphone funktionéieren, d'Batterie hält een Dag, Opgeluede gëtt ouni Kabel natierlech. De Musk erkläert, dass een sech den Chip misst wéi e Fitness-Tracker fir de Kapp virstellen.

© Neuralink / AFP

Implantéiert gouf den Chip scho bei engem Schwäin, Impulser ginn hei iwwert d'Schnëss vum Deier iwwermëttelt. D'Software kéint och scho ganz gutt virausgesinn, wéi eng Gelenker beim Lafe wéini géifen aktivéiert ginn.

Den Chip selwer gëtt mat Hëllef vun engem spezielle Roboter an de Kapp implantéiert, d'Maschinn verbënnt déi reng Verbindunge vum Chip mam Mënschleche Gehier. Ausser eng kleng Narb ënnert den Hoer, déi een näischt nom Agrëff erkennen.

Wat de Präis betrëfft, sou kéint dat Ganzt am Ufank natierlech nach relativ deier sinn, ma mat der Zäit kéint den Chip an d'Operatioun awer vill manner deier ginn a just nach e puer Dausend Euro kaschten.

Den Elon Musk betount jo och schonn zënter enger Zäitchen, dass d'Mënschen an Zukunft bal gezwonge wäerte sinn, hir Gehierer mat Computeren ze verbannen, fir esou mat der kënschtlecher Intelligenz mathalen ze kënnen.
Weider ënnersträicht de Musk, dass een an Zukunft kann Erënnerunge späicheren an ofspille kann. Denkbar ass et och, dass Mënschen iwwert d'Gedanke geschwënn matenee kommunizéieren, ouni also mussen ze schwätzen. Och am Kader vu Behandlunge mat Leit déi Schied an hirem Nervesystem hunn, géif den neien Chip vill méi performant sinn, wéi Elektroden am Gehier, déi hautdesdaags agesat ginn.