Fréier sinn d'Zuele vun Ebay duerch de Plaffong gaangen a war eng richteg Konkurrenz vun Amazon. An de Joren ass de Succès awer verflunn...

E Véierelsjoerhonnert ass et hier, dass Ebay an d'Liewe geruff gouf, also op engem 3. September 1995. Ebay zielt domadder kloer zu de Grousspappe vum Internet. Den éischten Artikel, deen op der Plattform verkaaft gouf, war e futtisse Laser-Pointer, dee vum deemolege Grënner Pierre Omidyar héichgeluede gouf. E puer Deeg méi spéit gouf de Produit tatsächlech verkaaft, dat fir 14,83 Dollar un e Sammler vun defekte Laser-Pointeren.

Ufanks huet Ebay iwwregens nach "AuctionWeb" geheescht, dat huet sech awer 1997 geännert, hei gouf de Numm gewiesselt, d'Plattform war vun deem Dag un ënnert dem Numm "Ebay" bekannt. 1998 goung de Betrib un d'Bourse an huet aus dem Grënner Pierre Omidyar e Milliardär gemaach. Dono goufen et Zäiten, wärend deenen Ebay méi wäert war wéi Amazon, haut des Daags schwéier ze gleewen.

Mëttlerweil hu sech d'Zäiten awer massiv geännert: Ebay huet mëttlerweil e Wäert op der Bourse vu ronn 40 Milliarden Dollar. Ma am Verglach zu Amazon wierkt Ebay awer éischter wéi en Zwerg. Amazon läit bei ronn 1,6 Billiounen Dollar. Och Alibaba huet Ebay scho längst iwwerholl. Dohier dierft sech d'Feierlaun beim Online-Auktiounshaus och staark a Grenzen halen.

Zënter Kuerzem steet Ebay dann och mat engem Fouss an engem Skandal, dat well fréier Mataarbechter Blogger sollen tyranniséiert hunn, déi Ebay kritiséiert hunn. Ënnert anerem kruten d'Blogger Kakerlake geschéckt, dat fir dës Persounen anzeschüchteren. Och en Trauerkranz an eng Schwéngsmask goufe verschéckt. Déi Beschëllegt kéinten dofir jorelaang an de Prisong kommen an héich Geldstrofe bezuelen. Ebay huet awer scho betount, dass d'Plainte weder géint Ebay, nach géint Mataarbechter vun hinne gemaach gouf.

Ma trotzdeem gëtt et e battere Bäigeschmaach, dat well 2 Ex-Memberen aus der Chefetage un de Virfäll bedeelegt solle sinn. Een dovunner ass de Chef vun der Kommunikatioun bei Ebay gewiescht, dee gouf am Kader vum Skandal aus Sécherheet mol séier entlooss. Bei der anerer Persoun dréit et sech ëm de fréiere Chef vum Verwaltungsrot, de CEO Devin Wenig, deen am September 2019 säi Récktrëtt annoncéiert huet.