D'App huet seng Notzer gewarnt, dass ee Video vun engem Selbstmord op hirer Plattform d'Ronn géing maachen.

De Clip wier e Video vun enger Live-Opnam vun engem US-Bierger, dee sech d'Liewe geholl huet. De Video géing weltwäit op soziale Medie gedeelt ginn an ënnert anerem an aner Videoen agebaut ginn.

Wann een Inhalt op Tiktok géing gepost ginn, deen net am Accord wier mat hire Richtlinnen, da géing dësen automatesch markéiert a geläscht ginn, sou Tiktok. Am Widderhuelungsfall kéint de Benotzer och säin Account gespaart kréien.

D'Video-Plattform Tiktok ass extrem beléift bei Kanner a Jugendlecher an dofir huet d'Kirra Pendergast vun "Safe on Social", een australesche Betrib, dee sech mam Thema Internetsécherheet befaasst, betount, dass d'Elteren hire Kanner Tiktok späre sollen, soulaang de Video nach d'Ronn géing maachen.