Den Tim Cook an Jeff Wiliams hunn um Livestream-Event ugekënnegt, wat an der Apple-Welt Neies op de Marché kënnt.

Direkt um Ufank huet den Apple-Chef Tim Cook preziséiert, dass si sech bei hirer Presentatioun op 2 Produite konzentréiere géingen. D'Apple Watch an den iPad.

Low-Budget-Apple-Watch

De COO Jeff Wiliams huet déi nei Apple Watch Series 6 virgestallt. Dës Auer wäert a de Faarwe Product Red, bloen Aluminium a Graphit verkaf ginn. Et gëtt eng Neioplo vun der gëllener Auer. Hire Sensor op der Récksäit wäert vun elo vu rout liichten, net méi gréng. Ma net just d'Faarwen hu villverspriechend geklongen, mä och eng nei Funktioun. Mam neie Modell kann nämlech de Sauerstoffgehalt am Blutt bannent 15 Sekonne gemooss ginn. Ausserdeem kënnen Apple-User an Zukunft vun engem Workout-Programm profitéieren. "Fitness+" soll Notzer motivéieren, Sport ze maachen a fit ze bleiwen. De Präis vum Abo läit bei 9,99 Dollar de Mount oder 79,99 Dollar fir ee Joer.

Donieft bréngt Apple e präiswäert Modell eraus: D'Apple Watch SE, déi et scho fir 279 Dollar gëtt. Fir dat neit Top-Modell Apple Watch Series 6 muss een op d'mannst 399 Dollar op den Dësch leeën. E klengen Hoke gëtt et allerdéngs schonn: Déi nei Apple Watch gëtt et nëmmen ouni Opluet-Apparat.

iPad 8: Bis zu 40 Prozent méi séier a méi Faarwen

Déi 8. Generatioun vum iPad bréngt och e puer Verännerunge mat sech. Mat Hëllef vun engem A12-Chip, deen ee scho vun eeleren iPhone- an iPhone-Generatioune kennt, soll den neien iPad bis zu 40 Prozent méi séier ginn. De Betribssystem iPadOS14 ënnerstëtzt donieft mam Apple Pencil d'Handschrëft-Erkennung a kascht op d'mannst 329 Dollar.

E schicken Design huet den iPad Air opweises, en Touch ID am Home Button an en A14-Bionic-Chip integréiert. Dat bëllegst Modell kritt ee vun Oktober u fir 599 Dollar.

Nouvellen iwwert den iPhone 12 goufen a kengem Wuert ernimmt. Vun e Mëttwoch u kënnen awer iOS an iPadiOS 14, watchOS 7 an tvOS op den Apple-Produiten installéiert ginn.