Mat Hëllef vun ënnerschiddleche Faarwe soll markéiert ginn, wéi héich den Taux un Neiinfektiounen a verschiddene Regiounen ass.

Nach dës Woch wäert Google säi gratis Kaarte-Service updaten. Dat huet den Internetris en Donneschdeg a sengem Blog gepost. Déi nei "Covid-19-Optioun" soll d'Notzer informéieren, wou den Inzidenz-Wäert ënner an iwwer 50 positiv-geteste Persoune pro 100.000 Awunner läit. Donieft soll ugewise ginn, a wéi enge Géigenden e positiven oder negativen Trend festzestellen ass, erkläert de Manager Sujoy Banerjee.

Grad an dësen Zäiten ass et besonnesch schwiereg,  sech vun A op B ze deplacéiere wéinst zouene Grenzen an Astufungen als Risikogebitter. Zil ass et, op dës Manéier de User d'Entscheedung méi einfach ze maachen, wouhi si ouni Bedenke sécher reese kënnen.

Baséiere mécht sech d'App op Donnéeë vum Johns Hopkins Spidol zu Baltimore, der New York Times a Wikipedia, déi hir Informatiounen iwwerdeems vun ëffentleche Gesondheetsorganisatioune kréien, wéi der WHO oder vu Gesondheetsministèren.

Weltwäit kann dësen neie Corona-Feature nach dës Woch op iOS an Android installéiert ginn.