Bei hinne ginn d'Dronen net genotzt, fir schéi Biller ze maachen, vill méi huele si Daten aus de Loftopnamen eraus, déi d'Betriber brauchen.

Se ginn ëmmer méi heefeg, déi ferngesteiert Fluchapparater, dacks och mat enger Kamera. Riets geet vun Dronen. Och mir bei RTL benotze se, fir spannend Loftopnamen ze maachen, fir déi een nach virun e puer Joer en deieren Helikopter gebraucht hätt.

Drone kënnen awer vill méi wéi nëmme schéi Biller maachen. Ob elo um Bau oder an der Landwirtschaft, Luxsense ass eng Startup, déi aus de Loftopnamen Daten eraushëlt, déi d'Betriber brauchen. An dat geet vum Wäibau bis op de Chantier.